Volver al índice; Back to index
Lëtzebuergescht (Luxemburgués)
De Klenge Prënz

Dat hei as fir mech déi schéinst an och zugläich déi trauregst Landschaft op der ganzer Welt. 'T as déiselwecht, wéi déi op där Säit virdrun, mä ech hun se nach eng Kéier gezeechent, fir iech se gutt virun Aan ze féieren. 'T as do, wou de klenge Prënz op der Äerd gelant as, a wou en och nees verschwonnen as. Kucht iech déi Landschaft gutt un, fir datt der se rëmkennt, wann der enges Daags an Afrika duurch d'Wüst reest. A wann der zoufälleg do laanschkommt, da bieden ech iech, huelt iech Zäit: waart eng Grëtz ënner deem Stär! A wann dann e Kand op iech zoukënnt; wann et laacht; wann et gëllent Hoer huet, an 't äntwert iech ni op eng Fro, da kännt der iech denken, wien et as. Da sid sou gutt a loosst mech nët nach weider traureg sin... Schreift mer séier, datt hie rëmkomm as...